• Facebook - Schwarzer Kreis

Tél. gratuit:  8002 6002

Tél: +352 26 480 320
Fax: +352 26 480 320 20

43, boulevard de la Pétrusse

L-2320 Luxembourg

peitrusshaus@s-j.lu

  • Facebook - Schwarzer Kreis
fr_Flag.png

 Refuge Péitrusshaus

D'Haaptzil vum Refuge Péitrusshaus ass d'Ënnerstëtzung vu Jonken a Krisesituatiounen. Di interdisziplinär Equipe (Erzéier, Psychologen, Sozialaarbechter,...) hëlleft dobäi déi eventuell Ausléiser ze fannen an d'Situatioun ze klären. De Jonke kann duerch individuell oder/a Familljengespréicher stabiliséiert ginn. D'Equipe evaluéiert d'Situatioun a kann de Jonken u méi spezifesch intern oder extern Servicer weider orientéieren.

Eis Aarbechtsprinzipien

  • Zwou Phase vun der Kriseninterventioun

An enger éischter Phase probéiert d'Equipe déi akut Krisesituatioun ze berouegen an doduerch Stress- an Angschtgefiller ze reduzéieren. Et ka sënnvoll sinn, engem Mannerjäregen eng Iwwernuechtung am Péitrusshaus ze proposéieren, fir seng Situatioun ze stabiliséieren. An enger zweeter Phase, kuckt d'Equipe wéi de Jonken an seng Famill laangfristeg gehollef kenne kréien.

  • Fräiwëlleg Hëllef

De Service ass an éischter Linn op d'Demande vum Jonken ausgeluecht. Trotzdeem kennen Elteren, d' Police oder aner professionell Acteuren aus dem soziale Beräich sech un de Service wenden. De Jonke muss awer op alle Fall mat dëser Hëllef averstane sinn. De Jonken ass aktiv um Hëllefsprozess bedeelegt a kann a senge Reflektiounen a Léisungsvirstellungen duerch d'Equipe ënnerstëtzt ginn. Wärend den individuelle Gespréicher soll de Jonken aktiv iwwert seng Situatioun nodenken.

 

  • Transparenz

D'Equipe probéiert ze héieren an ze verstoe wat de Jonken ze soen huet. Keng Demarche ginn ouni säi Wëssen an Averständnis duerchgefouert.

 

  • Confidentialitéit

D'Equipe hält sech un de Secret professionell a gett keng Donnéeë vu sengem Cliente weider.

 

  • Systemeschen Usaz

D' Equipe baséiert sech op de systemeschen Usaz. Dëses berout op de Prinzip, dass all Individuum Deel vun engem System ass a gläichzäiteg duerch vill verschidde Systemer beaflosst gëtt (Famill, Schoul, Beruff, Frëndeskrees,...). Schwieregt Verhale vun enger Persoun kënnen hiweisen op méi déifgräifend  Problemer an engem System. D'Fugue vun engem Jugendleche kann zum Beispill op Problemer an enger ganzer Famill hiweisen. An deem Fall muss ee mat der ganzer Famill schaffen an net nëmme mat dem Eenzelen, dee fortgelaf ass.

 

  • Reseausaarbecht

Zesummenaarbecht mat anere sozialen Acteuren aus dem soziale Secteur ass absolut noutwendeg fir dem Jonke gutt ze hëllefen.

Elterenaarbecht

aus der Siicht vun der Psychologin vum Péitrusshaus

D‘Famill ass  e System, dee vu senge verschiddene Memberen ofhängeg ass. Wann et an dësem System zu engem Desequiliber kënnt, probéiere seng Memberen an en néien Equiliber ze kommen. Dës ass de Prozess vun der „Homéostasie“.

Am beschte Fall, kréien d‘Membere vun der Famill dës Aarbecht eleng oder mat der Ënnerstëtzung vu vertraute Persounen hin. Et geet drëms an dësem néien Equiliber d‘Grenzen a Rollen néi ze definéieren. Bei Situatiounen, déi vill Verännerunge matbréngen, wéi d‘Gebuert vun engem Kand, den Doud vun enger geléifter Persoun, den Iwwergang an d‘Pubertéit, Trennungen… kennt et oft zu engem „natierlechen“ Desequiliber an der Famill.

Familljenaarbecht mat der Ënnerstëtzung vun enger professioneller, externer Persoun gëtt dann néideg, wann d’Familljememberen et net packen eleng en néien Equiliber ze fannen. Oft ass eng Persoun aus der Famill, déi sech op eemol „anescht verhält“ (vu Grenziwwerschreidunge bis zu riskantem oder geféierlechem Verhalen) just den Träger vun engem Symptom vun dësem Desequiliber an der Famill.

Ab dësem Moment, kann eng extern Persoun als Berodung oder Ënnerstëtzung sënnvoll sinn, well si net vun den Erliefnisser vun der Famill betraff ass. Dës neutral Positioun erméiglecht eng objektiv Siicht an hëlleft  de Familljememberen d‘Perspektive vun deenen aneren anere wouerzehuelen.  D’Motivatioun hannert de den Handlungen an d'Positioun vun all Member ka besser verstane ginn. E Gesamtbild vun der Situatioun gëtt geschafft.

Mat der Aarbecht am Péitrusshaus gëtt dës Siicht vu bausse méiglech an d‘Iwwernuechtung erméiglecht de Memberen an der Kris zu Rou ze kommen. Individuell Gespréicher mat de Jonken an den Eltere ginn dann ausgemaach, fir duerno gemeinsam Familjegespréicher ze hunn. Dës Familjegespréicher hunn d‘Zil, dass jidderee sech an engem klorem a respektvollem Kader, deen duerch di interdisziplinärer Equipe vum Péitrusshaus assuréiert gëtt, matzedeelen.

Geschicht

vum Péitrusshaus

2009

  • De Ministère de la Famille huet eng offiziell Demande un d' Jongenheem a.s.b.l. gestallt fir eng Noutfallstruktur fir Mannerjäreger ze schafen. Et ward' Zil eng Struktur ze schafen, déi 24/24h a 7 Deeg d'Woch fir Jonker accessibel ass.

2009-2011      

  • An dëse Joere gouf un der Konzeptualisatioun vum Projet geschafft, Partner goufe gesicht a Personal rekrutéiert. An dësem Kontext goufen och vill aner ähnlech Strukturen am Ausland besicht (Berliner Jugendnotdienst, ABAKA à Bruxelles, Paris Service ADOS, Köln Upstairs,..).

2011              

  • De Refuge Péitrusshaus mécht offiziel seng Dieren op, an der Zesummenaarbecht vu Jongenheem a.s.b.l., Ville de Luxembourg an dem Ministère de la Famille

2012               

  • Den 01.01.2012, gouf vun den Grënnungsmemberen vum Jongenheem eng néi ASBL gegrënnt mam Numm Solidarité Jeunes a.s.b.l. Des a.s.b.l. huet d'Servicer vum Jongenheem, déi sech dem Wuel vun de Kanner an hiren Familljen verschriwwen hunn, also och d' Péitrusshaus, iwwerholl.

2013                

  • Den Ierfgroussherzog Guillaume a seng Fra, d´Prinzessin Stéphaniehunn de Refuge Péitrusshaus besicht.

2016               

  • De Refuge Péitrusshaus erweidert säi Service a proposéiert ab elo och Consultatiounen ouni Iwwernuechtung fir Jonker a Krisesituatioune bis 21 Joer.